Fir sech Kloerheet iwwer d’Subventiounspolitik bei E-Auto ze verschafen, huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt. Et geet net ëm déi erwisen ëmweltschiedlech Aspekter vun der Produktioun an dem Recyclage vun E-Autoen, déi a verschiddene wëssenschaftlechen Etüden thematiséiert gi sinn. Den ADR-Deputéierte freet, ob dës Subventiounen net de Maart verzerren a wéi wäit si EU-kompatibel sinn  an eventuell vun anere Wirtschaftsorganisatioune kontestéiert ginn. Och wëll de Fernand Kartheiser wëssen, wéivill Steiersuen bis ewell fir Subventioune vum E-Auto ausgi gi sinn.