E realistesche Bléck op den ëffentlechen Déngscht

print

D’ADR huet de Gesetzesprojet vum 17. Juli, dee fir eng Flexibiliséierung am ëffentlechen Déngscht suerge soll, matgestëmmt. De Fernand Kartheiser vermësst am Gesetzestext allerdéngs e realistesche Bléck op d’Fonction publique. Ass et sou z.B. wierklech sënnvoll, datt de Beamten neierdéngs ëmmer eng speziell Autorisatioun ufroe muss, fir Iwwerstonnen ze leeschten? Den ADR-Deputéierten erënnert drun, datt den ëffentlechen Déngscht op den Engagement an d‘ Motivatioun vun de Mataarbechter ugewisen ass an een hei net Zäit onbedéngt a Minutte rechne soll. Et däerf och ënnert kengen Ëmstänn zu enger Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht kommen, esou de Fernand Kartheiser.