Méindeg, 12. Oktober 2020
D’Press huet eis am A
D’ADR erfreet sech an dëse Wochen enger scho bal ongewinnter Opmierksamkeet vun der Press. An den Toun vun den Artikelen réckelt ganz lues vu negativer Spekulatioun op ofwaardende Virwëtz. D’Partei ännert sech, an d’Demissioun vum Gast Gibéryen an der Chamber esou wéi d’Vereedegung vu sengem Nofollger Fred Keup erklären en Deel vun dëser Opmierksamkeet. Ze beuechte waren an de leschten Deeg dës Medie-Beiträg:
- De Michel Lemaire, Adrenalin-President, am Wort-Interview
- Gast-Kolumn vum Generalsekretär Alex Penning am Lëtzebuerger Land
- De Fred Keup an engem ganz intressanten Interview am Paperjam
- De Gast Gibéryen um 100Komma7
Nach ëmmer derwäert, gelauschtert ze ginn, ass den RTL-Bäitrag vum Fred Keup, „Invité“ bei RTL, an och de grousse Gast-Interview op RTL fir säin Abschied.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden