Et ass bekannt, datt d’ADR déi eenzeg Partei ass, déi sech scho jorelaang, éierlech a konsequent, fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt, sech ëmmer nees fir d’Rechter an d’Fërderung vun eiser Nationalsprooch staark mécht, an dëst net just virun de Walen.

Nach kierzlech huet d’ADR e Gesetzesvirschlag op Lëtzebuergesch an der Chamber deposéiert. D’ADR hat och 2018 schonn, wéi hiren Deputéierte Fernand Kartheiser zum Rapporteur vum eegene Gesetzesvirschlag ernannt gouf, de Rapport vum Gesetzesvirschlag op Lëtzebuergesch formuléiert. Deemools beim Rapport, grad ewéi kierzlech beim Gesetzesvirschlag, gouf et Widderstand an der Chamber an d’Zoulässegkeet vum Dokument gouf a Fro gestallt, well et an eiser Nationalsprooch verfaasst war, amplaz op Franséisch.

Mat hirem entschlossenen a konsequente Gebrauch vum Lëtzebuergeschen huet d’ADR schliisslech derfir gesuergt, datt d’Positioun vun eiser Nationalsprooch och bei dësen Aarbechtsdokumenter vun der Chamber elo kloer definéiert a festgehale gouf. Esou huet d’Chamberverwaltung (Administration parlementaire), déi ëm hiren Avis gefrot gouf, d’Argumentatioun zu Gonschte vun der Lëtzebuerger Sprooch ënnerstëtzt. Dëst gouf dunn och esou an der Presidentekonferenz ugeholl. Dat heescht, datt esou Dokumenter an Zukunft selbstverständlech a mat aller Gëltegkeet op Lëtzebuergesch duerfe verfaasst ginn.

Déi logesch Konsequenz wier, datt déi Parteien – déi hire Wëllen zum Promouvéieren a Stäerke vun der Lëtzebuerg Sprooch haaptsächlech virun de Walen entdecken – dem Beispill vun der ADR folgen an dës Aarbechtsdokumenter an Zukunft och op Lëtzebuergesch formuléieren.