
Freideg, 29. Mee 2020
Diskriminatioun am Gesondheetsberäich
D’Fleegeversécherung bezillt, d’Krankekeess net – et ass eng Situatioun, déi net glécklech ass. Bei Inkontinenz ginn et eng ganz Rëtsch Produite fir sech a seng Kleeder ze schützen. Wann een déi all Dag brauch, kommen um Enn vum Mount e puer honnert Euro zesummen. Iwwerdeems d’Fleegeversécherung duerfir e Budget huet (fir „personnes dépendantes“ doheem oder an Institutiounen), leet d’Krankekeess näischt bäi.
De Jeff Engelen huet nogefrot, well hien net méngt, datt esou e kierperlech-gesondheetleche Problem just Persoune betrëfft, déi e Fleegedéngscht brauchen.
- Fro iwwer eng méiglech Diskriminatioun am Gesondheetsberäich
- Äntwert vun der Regierung.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden