Demenzkrankheeten: De System gët no ënnen ugepasst!
D’Associatioun Luxembourg Alzheimer huet e ganze Katalog vun Fuerderungen: „Mir komme schwiereg aus deene leschten zwee Joer“ , sot d’Presidentin vum Verwaltungsrot, Liane Kadusch-Roth, de 9. Mee direkt am Ufank vum Gespréich. Grond waren d’Verhandlungen iwwer de Kollektivvertrag an d’Reform vun der Fleegeversécherung. Béides hätt der Vereenegung vill Flexibilitéit geholl fir hire Leit a sechs Foyerdu jour an engem Foyer de long séjour zu Ierpeldeng dee beschtméigleche Service ze liwweren, an dat mat 272 Mataarbechter . An dësem Haus sinn déi 116 Plaze beluecht an et gëtt eng laang Waardelëscht. A Flexibilitéit ass dat Wichtegst well bürokratesch Planung kann net op déi vill Krankheetsprofiler – wäit iwwer Alzheimer eraus – agoen.
D’Reform vun der Fleegeversécherung wierkt sech bei demenzkranke Leit staark aus: „Déi Leit mat deene schwéierste Problemer verléieren am meeschten“, seet d’Lydie Diederich aus der ALA-Direktioun. Zesumme mat hirem Kolleg Denis Mancini an hirer Presidentin bedauert si den ageschloene Wee: „De Lëtzebuerger System war dee beschten an Europa a gëtt elo massiv no ënnen ugepasst“. Am Gespréich mam Gast Gibéryen a mam Fernand Kartheiser war ee sech awer eens, datt d’Qualitéit vun der Fleeg net dierft erof goen. Eng Hëllef dobäi: De „Plan Démence“ leeft aus. D’Land brauch elo e Bilan an eng Evaluatioun heivun an dann e „Plan Démence 2“. Well ëmmer méi Leit si betraff an d’Patiente ginn och méi jonk. Dobäi sinn iwwer een Drëttel vun de Leit iwwer 85 Joer betraff.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden