De Fernand Kartheiser war Invité um Radio

print

De Fernand Kartheiser war „Invité vun der Redaktioun“ op RTL. Haptthema war d’Verfassungsreform, hei huet de Fraktiounspresident d’Verhale vun de Politiker vun de Gambia-Parteien an der CSV nachmol schaarf kritiséiert an hinne politesch Arroganz reprochéiert. Datt si géint hirt eegent Wal-Versprieche ginn, dat wär innaceptabel. Schlëmm wär och datt d’Majoritéits-Politiker schonn e puer mol verlaude gelooss hunn datt d’Vollék, graff gesot, ze domm wär fir iwwert e komplizéierten Text vun der Verfassungsreform per Referendum ofzestëmmen! Däitlech Aussoen och iwwer d’Bierger-Beweegung „Marche Blanche“ an och firwat d’ADR d’Covid-Gesetz weider net matdréit! Hei ënnendrënner fann Dir de ganze Video vum Radio-Interview.