De Bréifdréier war fréier e Beruff mat grousser sozialer Unerkennung. Dëse Status verschwënnt ëmmer méi. Dat ass an der Entrevue vun de Vertrieder vun de Bréifdréier vum 7. Mäerz ganz kloer ervirgaangen. Vill vun de nei ugestallte Bréifdréier liewen an der Prekaritéit an hinne kënnt net méi de néidege Respekt virun hirem wichtege Beruffsstand zou. An dobäi géif – och am Zäitalter vun der Digitaliséierung – ouni den traditionelle Courrier näischt méi fonctionnéieren ouni déi traditionell Bréifkorrespondenz: Eleng lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg 190 Millioune Bréiwer ausgedroen.

Leider hëlt och de Service um Client ëmmer méi of: am ländleche Raum ginn ëmmer méi Postbüroen zougemaach, dat aus rengem Profitdenken – an dat obwuel de Staat Haaptaktionär bei der Post ass an eigentlech all Interêt misst hunn, de Bierger e gudde Service unzebidden. D’ADR mécht sech op alle Niveaue staark dofir, datt de Service um Client erhale bleift, sou wéi d’Deputéierte vun der Reformpartei och an der Vergaangenheet ëmmer scho géint eng Zentraliséierung a fir e gudde Service – sief dat vun de Verwaltungen, Banken oder eben der Post – plädéiert hunn.