D’Bevëlkerung gëtt duerchgetest!

print

D’Lëtzebuerger Bevëlkerung soll vum 19. Mee un op Covid-19 getest ginn. D’Logistik an d’Auswäertung vun den Tester ass natierlech mat groussem Opwand an héije Käschte verbonnen. A senger parlamentarescher Fro zu dësem Projet, bezitt sech de Fernand Kartheiser op den Dateschutz an d’Delaien, awer och de Käschtepunkt an d’Opdeelung vun den Opträg spillen eng Roll.