Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Hat d‘ADR Sträit mam ëffentlechen Déngscht? Richteg ass: d‘ADR huet, aus der Oppositioun eraus, d‘Rentegerechtegkeet erbäigefouert. Zënter 1999 besti praktesch déiselwecht Rechter op d‘Pensioun, ob Privatsecteur oder Fonctioun publique. Duerch dës Reform goufen d‘Hongerrenten ofgeschaf an et gëtt haut zu Lëtzebuerg kaum Altersaarmut. Fir béid Secteure gëtt et haut anstänneg Renten a Pensiounen. Zesumme muss elo gesuergt ginn, datt de Generatiounsvertrag kann agehale ginn.

D‘ADR stoung a steet fir eng effizient Fonction publique, an där gutt Beamten am Déngscht vum Bierger stinn. Gutt Beamte sinn ënner anerem Beamten, déi net ënnert politeschem Zochzwang stinn. Dowéinst ass d‘ADR géint de proposéierte Bewäertungssystem fir den ëffentlechen Déngscht, deen och nach eng nei Verwaltung, an eng Politiséiererung vun der Fonction publique géif mat sech bréngen.

Keng nei Schold fir Paien ze hiewen

D‘ADR ass der Meenung, datt d‘Gehälter am ëffentelche Sekteur korrekt sinn. An der aktueller desolater finanzieller Situatioun, an déi d‘CSV-LSAP-Regierung d‘Land geféiert huet, kënnen duerfier keng Lounverbesserungen zougestane ginn, ausser den normalen Avancementer an dem Index. Kee Fonctionnaire kann en Interesse hunn, datt elo säi Gehalt iwwer zousätzlech Scholde verbessert gëtt, dee seng Kanner mussen zréckbezuelen.

D‘ADR huet kee Sträit mam ëffentlechen Déngscht! D‘ADR ass, wéi déi meeschte Staatsbeamten, Garant fir d‘Erhale vun der Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit. Béid plaidéiere fir esou wéineg wéi méiglech Souveränitéit un Europa ofzetrieden. Béid stinn dofir an, datt souwuel d‘Walrecht fir d‘Chamberwale wéi och d’Posten, déi un d‘Souveränitéit gekoppelt sinn, fir d’Lëtzebuerger reservéiert bleiwen.