Donneschdeg, 25. November 2021
Covid-Pass a Booster-Impfung: An d’Validitéit?
D’EU-Kommissioun wëll d’Validitéit vun de Covid-Zertifikater europawäit harmoniséieren, dorënner falen och déi sougenannte Booster-Impfungen. Hei stellen sech awer eng Rei Froen, zum Beispill déi, wéi laang de Covid-Pass valabel bleift wann ee keng Booster-Impfung mécht. De COVID-Pass ass de facto och amgaangen sech an eng Zort vu Reesdokument ze verwandelen. Gesäit d’lëtzebuerger Regierung doran eng potentiell Gefor fir de Prinzip vun der Beweegungsfräiheet?
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden