
Méindeg, 17. Juni 2019
„Contrôle médico-sportif“: nëmme fir Lëtzebuerg?
An enger parlamentarescher Fro geet de Roy Reding op de „Contrôle médico-sportif“ an. Dee muss all Sportler maachen, dee lizenzéiert an engem Veräin sengem Hobby nogeet. Fir vill Sportaarten ass den Test esou guer a reegelméissegen Ofstänn obligatoresch. Mécht awer e jonke Fussballer gär eng europäesch UEFA-Lizenz, gëtt de Lëtzebuerger Test net unerkannt. De Roy Reding freet, ob et net besser wär, wann deen Test internationale Kritäre géing gerecht ginn.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden