Chamberwalen 2018: Entrevuen
Am Kader vun de Chamberwalen mee och d’ganzt Joer iwwer diskutéiere vill Vereenegunge mat der ADR iwwer hir Problemer a gi wichteg Denkustéiss:
Sou hate mir an de leschte Juliwochen nach eemol en intressante Entrevues-Programm.
Dobäi koumen déi ënnerschiddlechst Themen zur Sprooch:
- Ganz konkret Uleies vun der moslemescher Communautéit si mat der Shoura beschwat ginn.
- „Fair Mëllech“ huet iwwer d’Problemer vum Mëllechbauer zu Lëtzebuerg geklot.
- Mat der Jeeërfederatioun ass sech d’ADR an alle wichtege Punkten eens.
- Hëtzeg Debatt iwwer Klimaziler mat Votum Klima …
- D’Patientevertriedung, e wichtegen Akteur am Gesondheetswiesen.
- ASTI: Deeleenegkeet an Differenzen.
- Waasserpräis als Haaptsuerg bei de Geméis- Uebst- a Blummegäertner.
- Cannamedica: medezinesche Cannabis-Gebrauch ka verbessert ginn.
- E Plang fir Autismus zu Lëtzebuerg gefuerdert.
- ALFI: Fonge konkurrenzfäheg halen.
- Flüchtlingsrot an ADR fir eng humanitär Approche.
- CGFP an ADR am Dialog fir Problemer unzegoen.
- Eng Stëmm fir d’Jugend am Jugendparlament.