Budgetsried 2016 vum Joe Thein am Péitenger Gemengerot
Budgetsried
“The budget should be balanced, the treasury should be refilled, public debt should be reduced, the arrogance of officialdom should be tempered and controlled, and the assistance to foreign lands should be curtailed lest Rome fall.”
Dëst Zitat, dat dem Cicero als ee Leetgedanken zougeschriwwe gëtt, schéngt selbstverständlech. Net awer sou, fir d‘CSV-gefouert Aalparteiekoalitioun mat hirem Haushalt. Wéi all Joers, goufen ons d’Budgetsanalys an d’Gesamtsituatioun vun der Péitenger Gemeng mat subjektiver an egozentrescher Selbstluefrhetorik, Applaus a Schëllerklappen zum Beschte ginn, an onverbesserlech gëtt gemengt, d’Gemeng aus dem Billerbuch realiséiert ze hunn, d‘Bild vun der sougenannter „perfekter Gemeng”, Péiteng besser beschriwwen, wéi den ideale Staat am Platon sénger „Politeia“. Bei rationeller, éierlecher a korrekter Analys vun der CSV-LSAP Integralpolitik, bréckelt d’jolie fassade awer ferm, well dat hei onverkennbar, een ideologesche Make-up op d’Réalitéit ass, a mir als ADR soen, haalt op d’Leit ze lénken, d’Mëssstänn schéin z’ëmschreiwen, oder d’Problemer z’ëmgoen. Wie gleeft, de Budget wier gesond an d’Politik virbildlech esou, dee gleeft och un de Kleeschen.
Sécherlech, ass d’Comptabilitéit richteg, a selbstverständlech, soe mir dofir och, allen involvéierte Gemengeservicer, déi vill Zäit, vill Professionalitéit, a vill Aarbecht an d’Opstelle vum Budget investéiert hunn, fir dës, sou detailléiert a strukturéiert Haushaltsgrondlag, Villmools Merci. D’réellt Verständnis dovun, läit allerdéngs, der politescher Interpretatioun vun Iech fern, an als ADR si mir dofir hei, fir Iech eng Géigepositioun ze ginn. Mir wëllen datt de Bierger weess, wéi d’ADR politesch zum Aalparteieclan steet, a woufir mir net d’accord mat dem sinn, wat hei verzielt gëtt.
Mir hunn hei zwou Parteien, d’Chrëschtlechsozial Vollekspartei an d’Sozialistesch Partei, déi sech d’Gemeng net just zu parteiesch zu Eege gemaach hunn, mä déi mat hirem Numm och representativ fir d’Gemengeschold stinn. D’Aalparteien droen d’Verantwortung fir hir desastréis finanzpolitesch Situatioun an d’Problemer an anere gemengepoliteschen Dossier’en. D’Gemengeschold, beleeft sech op 10.730.000 € oder 590 € pro Kapp, an d’Aalparteien, hunn d’ganz Mandatsperiod an och d’Jore virdrun, op enger Scholdelaascht opgebaut a Gesamtverschëldung kreéiert, dëst, mat jovialer Ënnerstëtzung och, vu grénger a bloer Participatioun an de Koalitiounsjoren. Et kann een net vun engem “positive Budget” schwätzen, wann ee weess, datt dësen um Scholdebockel vun de Leit, de Steierzueler, den Awunner gedroe gëtt, an d’Péitenger Gemengevollek, domat onfräiwëlleg zum Bierg vun der Affär gëtt. Hei loung dach kloer, d’politesch Prioritéit. Jiddefalls wier den Ofbau vun der Gemengeschold, een equilibréierte Budget, an ee verantwortungsvollen Invest an d’Gemeng, fir d’ADR eng Prioritéit. De quasi lächerleche Réckgang vun der Gesamtverschëldung vu just 1.800.000 €, léisst een dofir getrouscht, d’Finanzpolitik vun der Aalparteiekoalitioun a Fro stellen. Och beim Wëssen ëm d’analog Strategie vun dëser Koalitioun, déi op weidere Populatiounswuesstem setzt an alt erëm, Steiererhéigungen als Mëttel zum Zweck an d’Aa faasst, d’Schreckensdécisiounen och op nationalem Niveau mam Ofbau vun der Gemengenautonomie an d’Finanzsituatioun vum Zentralstaat, da muss ee soen, datt et fir d’Gemeng nach eng elle Noss gëtt. Fir dee Populatiounswuesstem, un dem d’Gemeng déckkäppeg festhält, ass weder Plaz, nach Kapazitéit, Ressourcen an Moyen’en do, a weist ass schonns haut a senge réellen Zuelen, datt eng Gesamtpopulatioun mat 18.000 Leit, dovun 50% Auslänner, an 100 verschiddene Nationalitéiten immens Erausfuerderunge sinn. D’Gemeng wëll wuessen an zoubauen, fir d’Geld vum Staat ze kasséieren – méi Awunner, bedeit och méi Subsiden – a niewesächlech, huet de Schäfferot d’Ambitioun, fir mam Knacke vun der Populatiounsmark de Wee fir zwee weider Gemengeréit fräi ze maachen, fir do d’CSV z’installéieren.
Jiddereen hei weess, datt d’kommunal Taxen, a besonnesch d’Grondsteier an d’Gewerbesteier, nieft der Speisung aus dem Fond communal de dotation financière, d’kommunal Subsiden an d’Bedeelegung um Klima- Wunnéngsbaupakt, d’Haaptbudgetsressource fir d’Gemeng sinn. Mir wëllen dowéinst eng gerecht a fair Steierpolitik mat de lokale Betriber a wat den Eegentum u Grond a Buedem ugeet, wou souwuel d’Einnahme fir d’Gemeng garantéiert sinn an dës economesch progresséiert, bei gläichzäiteg niddreger a liewensgerechter Taxepolitik fir d’Ottonormalbierger an hirem Alldagsliewen. Mir kritiséieren d’Taxenaugmentatiounen, déi permanent als Noutléisung zur Matfinanzéierung vun der Gemengepolitik gedéngt hunn, a wëllen d’Gemeng net bei hirer Philosophie ënnerstëtzen, d’Gemeng deier ze maachen. Mir plädéieren z.B och, fir e soziale Waasserpräis an een eenheetleche gratis Wassersockel pro Kapp a Joer.
Dann gesäit d’Reform vun de Gemengefinanze fir, bis 2021 ee Finanzausgläich tëscht de Gemengen am Land erbäi ze féieren. Hei géinge keng Ännerunge bei den Haapteinnahmequelle geschéien, a mam „Fond de Dotation global“ (FDG) géing e Fong an d’Liewe geruff ginn, deen den ICC (Impot commerciale communale) an den FCDF (Fond communal de dotation financière) regroupéiert fir uschléissend, mat engem Verdeelungsschlëssel no fënnef Kritären d’Geld un d’Gemengen ze distribuéieren. Als klenge Rapell: d’population rectifiée mat 82%, d’emplois salariés mat 3%, dem indice socio-économique mat 9-10%, z.B de Chômage an d’Duerchschnëttspaien, d’surface rectifié mat 5%, also gemengenterritorial Fläch an d’Populatiounszuel, an zulescht 1.500 € pro logements sociaux.
D’ADR leent d’nei Reform national als ongerechte System of, rappeléiert trotzdem, datt d’Gemeng Péiteng op d’Käpp vun de Landgemengen am Norden an Osten ower wuel als Gewënner, ervirginn. Notamment d’Berechnung vun der Directions des Finances Communal an hirer entspriechender Simulatioun, ass och no der Reform fir Péiteng, eng „Dotation forfaitaire“ vun 300.000 € virgesäit, ee plus am „avoir disponible“ vun 2.411,68 € pro Awunner oder 43.096.721,60 € am Total. Ausserdeem wäert d’Gemeng mat +3,15% méi Nettorecetten op 42.402.155,18 €, beim Entfaale vun 4.706,661,08 € Chargen am Enseignement fondamentale, mat vun der Partie sinn. Mir bieden d’Gemeng dowéinst och ze soen, datt hir Finanzpolitik vun der Mandatsperiod, nach a kenger Relatioun zur Gemengefinanzreform steet, well d’Inkrafttrieden den 1. Januar 2017 virgesinn ass, a soumat also nach keng Geldtransferte geschitt sinn, an d’Gemeng och mat Pluspunkte rechne kann. Fir de Gemengebudget selwer, gëllt och ze soen, datt d’Resultéiere vum ordinäre Budget am Boni mat 9.482.811,89 € notamment op d’Clotûre mat 12.387.948,75 € d’Joer virdrun, zeréck weist.
Och d’Berécksichtegung, datt all d’extraordinär Servicer, also de Budget extraordinaire, géigewäerteg defizitär ass, spigelt sech am ordinäre Budget net erëm, wëssend awer, datt héij Zommen als „couts suplément’en“ existéieren, an d’ordinär Finanzsituatioun, parallel am Zesummenhang mat der extraordinärer Partie steet. Och weist ons de Budget 2017, datt mam Sénke vun der ordinärer Recettesäit an dem Klamme vun de Bruttodépensen, par Rapport zu de Budgete virdrun, eng negativ Entwécklungstendenz am Gaangen ass. De Moment schloen och zwee vun de gréisste Projeten, de Grand-Bis an d’Gemengegaragen, nach net zu Buch, well dës net an der Mandatsperiod realiséiert goufen an d’fortlaafend Käschten fir all aner Projeten an der Maach, sollte net vergiess ginn. Och droen d’Ausgabe vun 21.600.000 € an der Educatioun géintiwwer bal just der Halschent am Sozialberäich, engem gesonden Equiliber vu sozio-edukativen Aufgaben, kengeswees Rechnung, a mat 13.700.000 € dëst Joer bei 38.000.000 € an der Gesamtheet fir d’Infrastruktur an d’Stroossen, ee gréissere Problemdossier, hu vill Awunner aus eiser Gemeng sech laang, fir hir Liewensqualitéit misse gedëllegen. Och hei, spillen d‘Politiker gären d‘Sanéierungsinitiativ als Wahljoker, fir de Leit puer Méint virum Wahltermäin, d’sanéiert Image vun der Gemeng ze presentéieren.
Dir Dammen, dir Häre Conseilljee’ën,
Mat dëser Budgetsdebatt haut, geet d’Mandatsperiod 2011/2017 symbolesch op hiert Enn, wuelwëssend, datt d’ADR souwuel politesch ewéi budgetär, bis zum geneeën Zäitpunkt vun de Gemengerotswahlen am Oktober, iwwert d’Politik vun den Aalparteie waacht an d’Politik woort fir déi si als ADR steet, fir sech dann no sechs Joer engagéierter politescher Aarbecht, am gudde Wëssen a Gewëssen ëm ons politesch Aufgab, an am Interessi fir fir d’Wuel an d‘Zukunft vun eiser Gemeng, nees als Alternativ zum Aalparteieclan, an als Reformkorrektiv vun der Scholden- a Problematiken, dem Péitenger Gemengevollek zur Wiel ubitt.
D’ADR huet an alle Budgetsdebatten vun der Mandatsperiod a besonnesch an der fondéierter an detailléierter Ried zum Budget vum 14. Dezember d’lescht Joer een expliziten Exkurs an d’Gemengepolitik gewot, an Iech hei, all eis punktuell Messagen zu enger alternativer Budgetspolitik justifiéiert. D’ADR gouf hirer Aufgab als Oppositiounspartei an der Mandatsperiod 2016/2017 voll a ganz gerecht, si dréit de Merite, vun der aktiivster Partei, mat de meeschte schrëftleche Gemengefroen un de Schäfferot, nieft hire mëndlechen Interventiounen. Nodeems ech virdrun, d’allgemeng Finanzsituatioun vun dësem Joer, an och d’integral Mandatsperiod kommentéiert hunn, a well alles dat noliesbar a nolauschterbar ass, an alles selbstverständlech ëmmer nach gëlteg ass, wollt ech haut d’Zäit notzen, e puer konkret Kapitelen zum Budget déi ons um Häerz leien ze thematiséieren.
- Integratioun an Immigratioun
An der Budgetsdebatt ass, bis eng genannten Zomm vun “10.000 €” (Här Breyer), an der Ausso datt mir iwwer “50% Auslännerkanner hunn, an ons entspriechend adaptéiere missten” (Madame Conter) null iwwert d’Integratiounspolitik verzielt ginn. Als ADR sti mir awer fir eng vollwäerteg Integratiounspolitik, wou d’Lëtzebuerger Sprooch an de Verdéngscht vun der Nationalitéit am Mëttelpunkt vum Integratiounsprozess stinn. Net d’Lëtzebuerger mussen sech integréieren, net d’Gemeng sech entspriechend nei revolutionnéieren. Et ass d’Aufgab vun der Gemeng, d’sozialistescht Gespenst vum Internationalismus ze verjoen, an d’Integratiounskomissioun an d’Integratiounspolitik op de Piliere vu nationalem Interêt ze reorganiséieren. Et gëtt héich Zäit, datt d’Integratiounspolitik en héije Rang an der Gemengepolitik kritt, well d’Gemeng ass de Motor, an déi primär Ulafstell als Verwaltungs- a Vernetzungsorgan vu Bierger, Gesetz a Politik. Méi wéi je virdrun, ass d’Integratiounspolitik, nieft de Gemengefinanzen, ee vun de wichtegste, gemengepoliteschen Themen. Hei feelt et der Gemeng un aussergewéinlech instruktiven a fruktive Konzepter a Programmer, nieft der Offer vu Sproochecoursen. Am selwechte Kontext, wär et och nennenswäert gewiescht, d’aktuell Flüchtlingspolitik an d’Zouwanderung zum Thema ze maachen. Fir d’Kapitel Integratioun huet d’ADR eng helle Wull Virschléi a Schreiwesen un Iech vermëttelt, e.a nennenswäert, d’ADR-Interpellatioun zur Flüchtlingspolitik den 1. Februar dëses Joers.
- Sécherheet
Och iwwert d’Sécherheet an d’Uerdnung an der Péitenger Gemeng huet de Schäfferot keng Invester a Pläng verroden. Mat Referenz op d’Schreiwes vum 20. August 2016, rifft d’ADR dowéinst och gären hir Gemengefro zur Kriminalitéitsstatistik an Erënnerung, wou d’Faktelag ons Positioune confirméiert huet. D’Gemeng Péiteng wor ze oft am Fokus vu kriminellen oder gesetzeswiddregen Aktivitéiten, déi och an der Press fir Schlagzeile gesuergt hunn. Fir datt d’Gemeng e gudde Numm huet, an d’Bierger d’Recht hunn, sécher a friddlech ze liewen, fuerdert d’ADR och hei Konzepter fir méi Sécherheet. Fir d’Sécherheet an d’Uerdnung an de Respekt virun eise Gemengegesetzer, gesi mir d’Police, d’Pecherten, d’ Fräiwëllegendéngschter an d’Streetworkeren als wichteg Instanze fir dës Aufgab.
- Educatioun a Famill
Och d’Educatioun ass ee wichtege Kompetenzberäich vun der Gemeng. Och hei vermësst d’ADR eng erfollegräich Educatioun, mat Bildungsqualität an der Grondschoul, ee leeschtungsorientéiert Schoulwiesen an eng gutt Vermëttlung vun Allgemengbildung a Kulturbewosstsënn. D’Gemeng soll hire Schoulprogramm entwéckelen an hiert Matsproocherecht wouer huelen, fir de Kanner eng gutt Schoul un ze bidden. Als ADR doe mir vermëssen, datt d’Schoulpolitik net genuch am Virdergrond stinn, obwuel d’Educatioun och e lokale Sujet ass. Zäitgläich muss een op de familljepolitesche Plang an der Gemeng ze schwätze kommen. D’ADR gesäit an de Crèchen e kommunaalt Betreiungsorgan fir d’Familljen, plädéiert awer gären op méi finanziell Ënnerstëtzung fir Familljen, déi nach dem traditionellen Erzéiungsmodell doheem noginn. Fir ons ass “Hausmamm” sinn ee Beruff, an de Staat sollt sech wäitgehend aus der erzéierescher Aufgab eraushalen. Och hei misst méi gemaach ginn, datt d’Leit Aarbecht an Erzéiung besser ënnert een Hutt kréien. Vun Invesitioun an d’Familljen, huet een och kee Wuert héieren.
- Aarbecht a Soziales
Och an der d’Aarbechtspolitik fir déi d’Gemeng suergt, huet ee keng konkret Plädoyer’en héieren, wéi sech d’Gemeng am Gesamtinteressi vum Ofbau vum Chômage am Land, engagéiert. Sécherlech huet d’Gemeng eng ganz Rei Posten ausgeschriff, Gemengepersonal an Educateuren agestallt, oder verschidden Aarbechtsmesure geschaf, trotzdem feelt et un Emploi an d’Efforte gi net wäit genuch. Hei muss d’Gemeng den dreiwenden sozialpolitesche Motor sinn, fir nees d’Kreéiere vun Aarbechtsplazen a Geschäftsliewen, d’Kreatioun vu lokale Kleng- a Mëttelentreprisen, dem „Tante Emma Buttek“, an d’Stäerkung vum Handwierk. Mat der Aarbecht verbonn ass natierlech och d’Sozialpolitik, wou ëmmer méi Leit, nieft der Sich no Aarbecht, och un der Deirecht vun der Gemeng, den Immobilien an dem Loyer an de Präisser vum Alldag, kapituléieren. Hei muss de Budget am Sozialberäich an d’Luucht gesat ginn, fir méi a Richtung Sozialpolitik ze maachen. Mat der Existenz vum Office sociale, dem Centbuttek an dem „repas sur roue“ si méi Initiativen op lokalem Niveau gefuerdert.
Dir Dammen, dir Häre Conseilljee’en,
Well dir Iech d’lescht Joer sou gelangweilt hutt, a meng Ried Iech ze laang an ze komplizéiert wor, d’Politik Iech och net sou wierklech intresséiert, an dir och am Allerléifsten eng Story mat Happy End vun der rosarouder Gemeng géingt héieren, hunn ech mir geduecht, fir Iech fir déi lescht Budgetsdebatt, eppes aus eisem Pefferkär – hei ass en – virzeliesen, an domat d’lokalpolitesch Problemer ze resuméieren.
“[…] Haut stelle sech Problemer vum ongebremste Populatiounswuësstem, Non-Stop Immigratioun an Integratiounsversoen am Kontext vu Lëtzebuerger Sprooch a Nationalitéit, anarcheschem Frontalierstraffic an Enkpäss op eisem Territoire, sozialer Nout an Dekadenz vum Mëttelstand a Klengbiergertum mam logesche Klamme vun der Aarbechtslosegkeet, allgemeng, ee Feele vu Plaz, Ressourcen, Kapazitéiten, Moyen’en a Liewensqualitéit fir Jiddereen. Aner Phänomener a Begleederschéngunge, sinn d’Augmentatioun vun der Kriminalitéit an ëmmer méi Verstéiss géint d’Gesetzer, d’Erhéijung vun de Gemengentaxen, d’Verbaue vun all klenger Plaz Natur, Wunnengsnout verbonne mat extremen Immobiliepräisser, a notamment d’Verschëldung vun der Gemeng, […]”
D’ADR steet lokalpolitesch fir Reformen. D’ADR wäert an noer Zukunft och, hire Gemengewahlprogramm public maachen. E wäert ganz sécher och, eng Reaktioun op d’Koalitiounspolitik an d’Bugdete sinn. Ëmmer da wa mir als ADR vu gesonde Gemengefinanzen schwätzen, propperem Haushalt a niddrege Steieren an Taxen, nohaltegen Investitioune ouni Scholdelaascht a Sueverbëtzen, fir eng Brems am Populatiounswuësstem, fir Immigratiounskontroll an Integratiounsförderung, fir ee clevert Verkéierskonzept fir d’Entlaaschtung vum Traffik, fir d’Schafung vun Aarbecht op sozialer Grondlag a sozial-erschwénglechem Wunnraum, fir ee léierräicht a gutt Schoulwiesen, fir Liewensqualitéit an der Gemeng a fir eng Gemeng a Sécherheet, da wëss Dir, datt dëst Prinzipie vun der ADR sinn.
Mat der Erëmwiel vun der ADR an de Péitenger Gemengerot, ass garantéiert, datt d’Problemer, d’Suergen, d‘Ängscht an d’Interesse vun eise Bierger, allgéigewäerteg eng Lobby hunn, an d’Déckkäppegkeet vun den Aalparteie gestrooft gëtt. D’ADR verséchert a versprécht Iech, datt mat hir, keen Interêt méi lénks leie gelooss gëtt. A wann ech soe lénks, da mengen ech och lénks, do, wou sech all d’Parteien bannen a bausse vum Gemengerot, politesch situéieren a positionéieren. D’Leit solle wëssen, datt all dës Parteien, vun CSV bis d’Kommunisten, déi selwecht lénkspolitesch Agenda vertrieden. An dofir plädéieren dës Parteien, also Dir, och ëmmer sou gäre géint d’ADR, wa mir am Bekenntnës zu eisem Numm an eise Faarwe, Politik maachen. Wien net lénks denkt, dee weess, datt d‘ADR seng politesch Heemecht ass – d’Partei fir all patrioteschen, konservativen, sozialen a klassesch liberale Mënsch.
Well alles gesot ass, wat ze soen ass, mir Iech sechs Joer laang mat eiser Politik op d’Mëssstänn opmierksam gemaach hunn, an elo de Wieler dat lescht Wuert huet, mécht d’ADR gären hei Schluss. Mir soen Iech, léif Kollegen, dem Gemengen- a Schäfferot Merci fir déi vill politesch Debatten an der Mandatsperiod 2011-2017, mä mir an d’Leit, mierken ons och d’Detailer am Ëmgang mat der ADR hei am héijen Haus, z.B d’Konfisquéiere vun eisem Lëtzebuerger Dëschfändel, d’Ausschalte vum Pultmikro, an d’sëllechen ondiplomatesch Betitelungen géint ons.
Dat allerlescht Wuert geet un d’ ADR Sektioun Péiteng an eis Wielerschaft. Hinne vun dëser Plaz aus Villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung an hirt Vertrauen a mech, als hirem gewielte Gemengeconseilljee. Ech verspriechen, d’ADR als Spëtzekandidat erfollegräich a staark, an de nofolgende Gemengerot ze féieren. Mat der ADR geet et souverän an d’politesch Offensiv!
Selbstverständlech a ganz sécher, stëmmt d’ADR och dëse leschte Budget, net.
Villmools Merci fir d’Wuert, Här Buergermeeschter, dir Dammen an Häre Conseilljee’ën.
Joe THEIN
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden