Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Sollen Nët-Lëtzebuerger d’Walrecht fir d’Chamberwale kréien? D’ADR seet ganz kloer NEEN. A mir hu gutt Grënn derfir.

Dat huet fir d’alleréischt eppes mat eisem Staatsverständnis ze dinn. Wien zum Lëtzebuerger Staat gehéiere wëll, kann dat doduerch maachen, datt en eis Nationalitéit unhëlt. Dat ass haut fir déi meescht duerch d’duebel Nationalitéit kee Problem.

Duerch d’Unhuele vun eiser Staatsbiergerschaft mécht een e wichtege Schrack, e Geste, mat deem een sech zu eisem Land, senger Identitéit, senger Geschicht a senge Traditioune bekennt. Et gehéiert ee ganz einfach derzou.

D’duebel Nationalitéit ass agefouert gi mam Argument, fir méi Leit d’Méiglechkeet ze ginn, mat wielen ze goen. Elo soll d’Konditioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit beim Walrecht ofgeschaf ginn, dat heescht, d’Haaptmotiv fir d’duebel Nationalitéit anzeféiere gëtt ad absurdum gefouert. Domatt géif och de wichtegste Grond, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen, ewechfalen.

Lëtzebuergesch kënnen

Fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, muss ee Lëtzebuergesch kënnen. D’ADR mengt, dat wär net nëmmen e wichtege Kritär fir eng reusséiert Integratioun, mee och eng Viraussetzung fir ze verstoen, wat hei am Land leeft, an deemno an der Politik kënne matzeschwätzen.

D’ADR mengt och, datt et net richteg wär, fir Net-Lëtzebuerger d’Walrecht ze ginn, déi nëmme fir eng gewëssen Zäit bei eis liewen an dann rëm zeréck an hiert Heemechtsland goe wëllen. D’Chamber wielen heescht, iwwer déi laangfristeg Zukunft vun eisem Land matzebestëmmen, an dat setzt viraus, datt een och hei bleiwe wëllt.

Wann eis auslännesch Matbierger dat legislatiivt Walrecht kréien ouni Lëtzebuerger ze sinn, dann däerfen se logescherweis och an der Fonction publique schaffen. Dat géif jiddefalls eisem Staatsverständnis widderspriechen, laut deem déi wichteg Funktioune beim Staat nëmmen duerch Lëtzebuerger däerfe besat ginn.

D’Konditioun, datt ee muss Lëtzebuerger sinn, fir d’Chamber kënnen ze wielen, steet an eiser Verfassung an do gehéiert se och hin.

Wann se an der Verfassung verankert ass, dann ass et och schwéier fir se ofzeschafen. Duerfir brauch een an der Chamber eng 2/3-Majoritéit vun Deputéierten. An de Bierger huet d’Méiglechkeet, fir e Referendum (amplaz vum zweete Vote vun der Chamber) iwwer dës Fro ze verlaangen, an déi Verfassungsännerung rëm ze kippen.

Déi zweedeiteg Roll vun der CSV

D’Sozialisten, d’DP, déi Gréng an déi Lénk wëllen d’Konditioun vun der Nationalitéit am nationale Walrecht ofschafen. D’CSV spillt, wéi sou dacks, eng zweedeiteg Roll. Si huet duerch hire President vun der zoustänneger Chamberkommissioun proposéiert, fir deen Artikel an der Verfassung esou ze änneren, datt an Zukunft d‘Chamber iwwert de Wee vun engem Gesetz d‘Auslännerwalrecht kéint aféieren.

Wéi d’ADR sech als eenzeg Partei do dergéint gestallt huet, dunn huet d’CSV ganz séier d’Kéier geholl, an elo seet se, si wär géint d’Auslännerwalrecht. Wann een als Partei géint d‘Auslännerwalrecht ass, muss een och kloer zum Ausdrock bréngen, datt et esou an der Verfassung muss verankert bleiwen.

Wann Dir der Meenung sidd, dat nationaalt Walrecht sollt nëmmen de Leit mat der Lëtzebuerger Nationalitéit reservéiert bleiwen, da wielt ADR, an nëmmen ADR!