Duerch all Kreesser vun eiser Gesellschaft hat schonn d’Krankheet vum Grand-Duc Jean vill besuergte Reaktiounen ervirbruecht. Säin Doud trëfft  all Lëtzebuerger an d’Häerz a beréiert d’ganzt Land. D’Trauer ass immens grouss an ënnersträicht dem Groussherzog Jean seng aussergewéinlech Perséinlechkeet an déi iwwerragend Roll, déi hien am Land hat. De jonke Befreier a britescher Uniform, den diskreten a frëndlechen Trounfolger, de Staatsmann, dee säi Land iwwerall wierdeg vertratt huet … Ëmmer nees huet de Grand-Duc Jean bewisen, wéi no him seng Leit a säi Land waren. Wien d’Chance hat, de Groussherzog vun no ze erliewen, huet ëmmer nees seng Frëndlechkeet ënnerstrach. Et ass och déi, déi op de soziale Medie spontan vu ville Mënschen aus alle Kreesser ervirgehuewe gëtt … 

D’ADR trauert ëm eise Grand-Duc Jean, Papp vum Grand-Duc Henri, an dréckt der groussherzoglecher Famill an dem Haff hirt häerzlecht Bäileed aus. D’Lëtzebuerger Land verléiert eng markant Perséinlechkeet, déi och en aktive Gestalter vun eiser jéngster Geschicht war. Et ass e Verloscht, deen duebel wéideet, an enger Zäit, an där alles séier ännert. De Grand-Duc war ëmmer do … an dat  fir jiddereen.