Invité vun der Redaktioun bei RTL war de Parteipresident Jean Schoos. D’Journalistin huet sech besonnesch fir d’Diskussiounen iwwert e Facebook-Post intresséiert, deen an de leschte Wochen an d’Aktualitéit gerode war. Diskussiounen, déi einvernemlech an der Partei bäigeluecht gi sinn, wéi de Jean Schoos nach eemol op RTL widderholl huet.