Abstrus Politik am Bausseministère ass egal wat
De Bausseminister Jean Asselborn gesäit sech „leider“ duerch e Rechtsstaat ageenkt. E Flüchtling, dee no faktescher Iwwerpréiwung vum Bausseministère de Statut net kritt, prozesséiert e puer Joer virum Verwaltungsgeriicht. Gëtt dann d’Decisioun vum Bausseministère vum Geriicht bestätegt, sicht de Bausseminister der betraffener Persoun, déi kee Recht méi huet sech am Land opzehalen, eng Aarbecht fir hir Situatioun ze regulariséieren. An dee Bausseminister, dee mat esou Prozeduren d’Steiersuen zur Fënster erausgeheit a seng Beamten an eis Justiz hannergeet, seet dat dann och nach haart op der Chamberstribün.
De Fernand Kartheiser huet dorops eng parlamentaresch Fro gestallt fir dës Praxis emol méi no ze kucken.
Fro
Den Här Bausseminister huet de 9. November un der Chamberstribün erkläert, hie géif deboutéiert Flüchtlingen iwwert de Wee vum Aarbechtsmaart regulariséiere loossen, fir datt si net ausgewise ginn. Ech hunn dëse kuerze Verbatim erstallt: „Ech gi kengem de Statut. De Statut kritt een um administrative Plang am Ministère, do si Leit, déi weider näischt maachen, déi d’Leit enquêtéieren an déi da Jo oder Nee soen. Wann et Nee ass, ass et d’Geriicht, wat déi lescht Decisioun hëlt. D’deet mer leed, et ass de Rechtsstaat wéi en zu Lëtzebuerg funktionéiert. A mir kucken elo, jiddereen, deen de Statut net kritt huet, dass mer e kënnen, wann en eng Méiglechkeet huet fir schaffen ze goen, dass mer e kënnen iwwer deen Travailleur-Statut, dass se kënnen zu Lëtzebuerg bleiwen, dat ass dat, wat mer maachen.”
Dëst Virgoe werft awer eng Rëtsch vu Froen op, déi ech heimat wéilt stellen.
- Ass den Här Minister der Meenung, datt eng geriichtlech Decisisoun an engem Rechtsstaat muss respektéiert ginn an datt deemno eng Persoun, déi de Statut definitiv refuséiert kritt huet, esou séier wéi méiglech muss d’Land verloossen?
- Ass eng Prozedur, déi dorop eraus leeft, eng Decisioun vun engem Verwaltungsgeriicht virsätzlech ze ëmgoen, net eng Mëssuechtung vun der Justiz?
- Sicht den Här Minister systematesch all DPI, deen deboutéiert ginn ass, eng Aarbechtsplaz? Wéi dacks ass dat an deene leschte Jore geschitt an aus wéi enge Länner koumen déi betraffe Persounen?
- Firwat probéiert den Här Minister, deen dëse Persoune de Statut jo an där éichter Phas vun der Prozedur net accordéiert hat, si dono iwwer den Travailleur-Statut awer am Land ze halen, och esou guer da wa si geriichtlech ofgewise goufen?
Ass et net eng Mëssuechtung vun de Rechter vun deene ville Leit, déi hei am Land eng Aarbecht ënner reguläre Conditioune sichen, fir mat Ministermuecht Leit eng Plaz ze sichen an doduerch géintiwwer aneren ze privilegiéieren, déi a priori keen Usproch op en Zougang zum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart hunn?
Äntwert
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden