Héichpunkter aus der Interpellatioun zur Lëztebuerger Sprooch vum Fernand Kartheiser

  1. Näischt ass falsch drun, wann ee Vollek sech fir seng Kultur a seng Sprooch asetzt.
  2. Dräi mol Lëtzebuergesch: e couragéierten Akt.
  3. Et ass wichteg, drun ze erënneren, datt mir keen Dräisproochegt Land sinn.
  4. Franséisch an Däitsch si fir eis Friemsproochen.
  5. Den Abléck ass komm, fir äis nach méi determinéiert zu eiser Sprooch ze bekennen.
  6. Et muss eng, an eng eenzeg, Integratiounssprooch fir dëst Land ginn.
  7. Wie ganz wëll un eiser Gesellschaft deelhuelen, dee kann dat nëmmen, wann e Lëtzebuergesch kann.
  8. Lëtzebuergesch ass d’Bréck an ons Gesellschaft, domadder op kee Fall eng Exklusiounssprooch.
  9. Lëtzebuergesch muss e reguläert a wichteg Schoulfach sinn, an dat op alle Klassen.
  10. Wien d’Kanner an der Schoul vuneneen trenne wëll, fir se ënnerschiddlech ze alphabetiséieren, deen trennt eis Gesellschaft.
  11. Et ass net rassistesch, wa mir hei am Land drop bestinn, datt eis Nationalsprooch geschwat gëtt.
  12. An der Crèchen: selbstverständlech mat Lëtzebuergesch, awer net och nach Franséisch.
  13. Fir d’Integratioun vun de klénge Kanner virun ze dreiwen, soll an de Crèche Lëtzebuerg geschwat ginn.
  14. Am Gesondheetswiesen, an den Altersheemer an an der Fleeg muss d’Personal Lëtzebuergesch léieren.
  15. An der Verfassung soll Lëtzebuergesch als Nationalsprooch a Sprooch vum Land festgehale ginn.
  16. Jiddereen, deen am ëffentlechen Déngscht schafft, muss kënne Lëtzebuergesch um héchst méiglechem Niveau schwätzen.
  17. Et däerf een net hinhuelen, dat d’Lëtzebuergescht vun eiser Regierung als net wichteg, als zweetrangeg ugesi gëtt.